Skip to main content

Kamil Rychlicki a signé à Maaseik – suite…..

| News

Source RTL.lu – interview Marc Burrelbach a Kamil Rychlicki

D'Noliko Maaseik ass en absoluten Topklub an der Belsch an an Europa. De belsche Veräin gëtt vum argentinesche Startrainer Daniel Castellani trainéiert an trëtt di nächst Saison ënnert anerem och an der Champions League un.
Laang gouf spekuléiert, fir wéiee Veräin sech de Volleyballspiller aus Lëtzebuerg géif entscheeden. D'Decisioun ass awer net eréischt gëschter gefall. 
Och wann d' Decisioun réischt gëschter offiziell gemaach gouf esou war se scho méi laang gefall. Scho virun dräi Wochen hat de Kamill Rychlicki d'Decisioun geholl, wollt awer nach all seng Exame schreiwen, déi Rou huet hie gebraucht.

En etlech Clibb aus Europa haten sech ëm den talentéierten Attaquant beméit. Um Enn woren awer just nach zwee Veräiner an der enker Selektioun, wou nieft de Belsch och de Veräin vu Berlin nach a Fro koum.

Nieft der Proximitéit zu Lëtzebuerg, huet virun allem d' Konzept vu Noliko Maaseik iwwerzeegt. De jonke Spiller hat eng kloer Iddi am Kapp, wéi de Veräin, wou hie wéilt spillen, soll ausgesinn. An op all déi Kritären huet Maaseik am beschten drop gepasst. Hie gesäit eng gutt Chance, fir eng Plaz um Terrain ze kréien oder ëm eng Plaz um Terrain ze kämpfen.

D'lescht Woch nach huet de Kamil Rychlicki d'Schoulbänk am Premièresexame gedréckt elo kann hie sech bäi sengem neie Club op ganz professionell Konditiounen astellen. Mam Kontrakt, deen iwwer 2 Joer geet, ass hien zefridden. Et ass alles dran, wat hie fir ze liewe brauch, vu Salaire iwwer Auto bis bei d'Wunneng. Also ganz professionell Konditiounen.

Nodeems de Spiller selwer e Mëttwoch d'Press iwwert dës laang erwaarten Decisioun informéiert hat, hätt e kënne mengen datt dem 19 Joer jonke Student eng Laascht vun de Schëllere géing falen, awer ass hien dono mat de Kollege Beachvolleyball spille gaangen. Sou wéi op engem ganz normalen Dag.
 
VCS News Central

We use cookies on our website. Some of them are essential for the operation of the site, while others help us to improve this site and the user experience (tracking cookies). You can decide for yourself whether you want to allow cookies or not. Please note that if you reject them, you may not be able to use all the functionalities of the site.